
Datt d’Pandemie och de kulturelle Secteur schwéier getraff huet ass gewosst. Dobäi huet Lëtzebuerg als bal eenzegt Land ganz séier nees seng Kulturhaiser mat adaptéierte Sécherheetsmoossnamen opgemaach. Dat huet ville Kënschtler op d’mannst erlaabt, nees ze schaffen, opzetrieden a bezuelt ze ginn. An dach hunn, vrun allem am éischte Lockdown, vill Artiste mussen op d’Hëllef vum Kulturministère zeréckgräifen. Am Mee gouf elo de Programm “Neistart Lëtzebuerg” presentéiert.
Am Ganze goufe 5 Milliounen Euro an deem Joer verdeelt, fir an de verschiddene Beräicher strukturell ze hëllefen. Dobäi goufen 29 Mol Indemnitéiten ausbezuelt, fir finanziell Perten opzefänken, esou d’Kulturministesch Sam Tanson.
Natierlech konnte mer do net alles kompenséieren, mä mir hunn en Appell gemaach gehat un d’Acteuren, déi konventionéiert bei eis sinn, fir datt si eis sollen dat eraginn, wat se als Verloschter haten. Do hu mer 1,5 Milliounen Euro ausbezuelt.
Donieft sinn awer och eng Rei vun intressanten Aiden a Form vu Bourssen, Commandë vu Kompositiounen oder dem Kaf vu Konschtwierker festgehale ginn.
Traditionell gi vum Kulturministère och Wierker kaaft, wat ech och eng gutt Saach fannen, mä et war mer awer wichteg, datt mer dat solle méi strukturéieren, méi professionaliséieren, wann ee sou wëll, dofir hunn ech eng Kommissioun agesat, wou Vertrieder vun den eenzele grousse Muséeën aus dem Land an aus der Stad Lëtzebuerg vertruede sinn, datt mer eis éischtens ofschwätzen, wie wat keeft, datt dat sech net ze vill iwwerschneit. An eeben och, datt do no gewësse Critère verfuer gëtt.
Dës Appelle ginn och zu normalen Zäite gemaach, de Budget, dee bei 100.000 Euro d’Joer läit, gouf awer an d’Luucht gesat an d’Commanden iwwer Galerien a bei de Kënschtler selwer an Optrag ginn.
An dunn hu mer eppes gemaach, dat hate mer esou nach net gemaach. Do hu mer en Appell gemaach un all d’Artisten, déi wéilten, fir eis Wierker eranzeginn. Do waren esou vill flott Saachen derbäi an och zum Deel Kënschtler, déi net esou op eisem Radar waren, datt mer gekuckt hunn, fir bei Posten, wou mer net alles ausginn hunn, well mer do eebe manner Demanden erakruten, wéi geplangt, dass mer déi géifen eriwwerhuelen, sou dass mer do nach emol konnte vill Wierker kafen.
An der Lëscht vun 12 verschiddene Mesurë gouf et vrun allem an der Pandemie-Zäit eng nei Bourse: d’Residence à domicile. De Kënschtler ka schaffen a Kreatioune preparéieren, ouni datt den direkten Drock vun enger Produktioun op e fixen Datum besteet.
Wou mer gesinn hunn, datt déi extreem positiv ëmfaange gouf vun den Artisten, well dat net un eng Finalitéit gebonnen ass. Normalerweis, wa Projeten ausgeschriwwen oder Boursse lancéiert ginn, da froe mer ëmmer, datt herno e Produit derbäi erauskënnt. An hei war d’Iddi déi, fir ze soen: mir maachen den Appell an dir gitt am Fong ënnerstëtzt, fir ze kreéieren, fir ze schafen.
Gehofft gëtt am Kultursecteur och, datt dës Bourse och no der Pandemie bestoe bleift.
An dat dierft ënner anerem och e Méindeg zur Sprooch komme bei der 2. Editioun vun de sektorielle Kultur-Assisen, déi sech mam Theater befaassen.
De ganzen Interview mam Sam Tanson fannt Dir am Kulturpodcast “Podpurri”, deen en Dënschdeg online geet.