D'FinalistenMir huelen Iech mat an de Backstage vum Video-Shooting fir de Luxembourg Song Contest

Sandy Schmit
Zu engem grousse Concours gehéiert natierlech och déi richteg Enseigne.

Ganz Lëtzebuerg kennt hir Nimm, do brauch et natierlech och déi richteg Biller. Deemno goufen déi aacht Musekerinnen a Museker an dat richtegt Liicht geréckelt.

D’lescht Woch waren d’Finaliste vum Luxembourg Song Contest op Besuch an der RTL City, wou si an eisem grénge Studio hunn dierfe virun der Kamera poséieren. Responsabel fir d’Biller ass de Studio Wision vun Déifferdeng.

Back to Top
CIM LOGO