"Friends"-Schauspiller iwwert den Doud vum Matthew Perry"Mir ware méi wéi Aarbechtskolleegen. Mir sinn eng Famill."

RTL Lëtzebuerg
Zéng Joer laang war de Matthew Perry an der Serie "Friends" ze gesinn. Déi aner Cast-Membere bieden ëm Zäit, fir hire Verloscht ze veraarbechten.
© AFP/Archives/DOUG KANTER

E Samschdeg ass de 54 Joer ale Matthew Perry dout a sengem Haus zu Los Angeles fonnt ginn. Seng Schauspillkolleegen, déi iwwert all déi Jore mat him virun der Kamera stoungen, hu sech elo zu sengem Doud geäussert.

“Mir sinn um Buedem zerstéiert”, deele si an engem gemeinsame Statement mat. “Mir ware méi wéi Aarbechtskolleegen. Mir sinn eng Famill”, heescht et vum Jennifer Aniston, Courteney Cox, Lisa Kudrow, Matt LeBlanc an David Schwimmer.

“Et gëtt esou vill ze soen, mä am Ament wäerte mir eis e Moment Zäit huelen fir ze traueren an dësen onfaassbare Verloscht ze veraarbechten. Wa mir bis an der Lag sinn, wäerte mir méi soen. Am Ament sinn eis Gedanken an eis Léift beim Matty senger Famill, senge Frënn a jidderengem op der ganzer Welt, deen hie léif hat.”

Anerer, déi mam Perry zesummegeschafft hunn, hunn elo hir Trauer ausgedréckt. D’Marta Kauffmann an den David Crane, déi un der Produktioun vun der Serie geschafft hunn, soten, hie wier “The One Where Our Hearts Are Broken” (iwwersat: “deen, un deem eis Häerzer gebrach sinn”) an Uleenung un d’Nimm vun den Episoden an der Serie.

Och d’Fans vum US-kanadesche Schauspiller hunn dem “Friends"-Star geduecht. Bei engem Luuchtepotto virum Gebai aus der Serie hu si Blummen a Bréiwer niddergeluecht. “Mir hunn dech esou gär an du wäerts vu Generatioune vermësst ginn. Merci, dass du eise Frënd waars”, steet op engem Ziedel. “Merci, dass de mech zum Laache bruecht hues”, heescht et op engem aneren.

© AFP

null

Back to Top
CIM LOGO