Eng Expo, déi am Januar 2022 am Kader vun der Weltausstellung zu Dubai gewise ginn ass. Zwou Woche war se deemools do ze gesinn an elo kann een d’Kollektivausstellung mat aacht Lëtzebuerger Kënschtler an engem neie Kontext zu Diddeleng entdecken.
Aus de verschiddenste Konschtsparten, vum Design, Film, Literatur, Performance bis hin zu visueller Konscht sinn d’Artisten 2017 erausgesicht ginn, fir zu Dubai auszestellen. D’Ausstellung “Mir wëlle bleiwen, wat mir ginn” ass un Thema vun der Weltausstellung geknëppt: Connecting Minds – Creating the future.
De Bernard Baumgarten – Curateur:
“Ganz schnell ass erauskomm, datt si awer dat Thema ganz individuell wëlle beaarbechten, awer ënnert dem Thema ‘wéi gesäit meng Vergaangenheet aus?. Wat war eis Vergaangenheet hei zu Lëtzebuerg a wéi kënne mir eis Zukunft schafen?’. An dunn huet de Kënschtlerkollektiv den Titel bruecht “Mir wëlle bleiwen, wat mir ginn”.
Den Opbau an d’Aarbechten an der Ausstellung zu Diddeleng sinn dann och genau déi selwecht wéi deemools zu Dubai.
“Mee mir hunn hei méi Plaz nach, mir ginn hei och e ganz neie Regard drop. D’Expo war am Januar 2022 an elo ass et eng aner Location, et ass méi Plaz an et ass en anere Kontext.”
Fir de Bernard Baumgarten war et eng nei Erfarung d’Curatioun vun enger Ausstellung ze iwwerhuelen. D’Aarbecht war et deemno d’Artisten ze begleeden, beim Thema ze bleiwen an de roude Fuedem net ze verléieren.
“Mee et war awer och eng Begleedung an eng Berodung, fir dat Ganzt en place ze setzen an der Ausstellung. Fir ze kucken, wat ass méiglech a wéi kann een et engem Public accessibel maachen a wéi kënne mir dat iwwersetzen, wat d’Kënschtler eis proposéieren. An och dee Bléck op déi Ausstellung hei zu Diddeleng ass elo eng zweet Etapp, wou mir ganz zefridde sinn.”
D’Ausstellung weist eng grouss Collaboratioun tëschent aacht verschidde Kënschtler, wou ee souwuel déi individuell wéi och kollektiv Handschrëften erkenne kann.