Et kënnt net dacks fir, dass een zu Lëtzebuerg Biller vun esou international bekannte Kënschtler ze gesi kritt. An der neier temporärer Ausstellung an der Villa Vauban, déi an Zesummenaarbecht mat der Tate Modern Galerie zu London entstanen ass, kritt een en Abléck an déi brittesch Konscht aus dem 18. a 19. Joerhonnert.
Dës war fir d'Kinnekräich eng Period, déi besonnesch duerch Reese gepräägt war an an der Molerei fir en Zeenewiessel gesuergt huet. Nei Motiver, Techniken a Formater hunn déi brittesch Konscht ëm d'Joerdausenwend revolutionéiert. Virun allem d'Aristokratie ass deemools op dat europäescht Festland gereest, fir a Frankräich, der Schwäiz an Italien d'Geschicht an d'Sprooch ze léieren, an hir privat Konschtsammlungen ze erweideren.
Beim sougenannte "Grand Tour" sinn och vill Kënschtler matgereest an hu sech vun der neier Ëmgéigend inspiréiere gelooss. Doduerch ass a ganz Groussbritannien e gréisseren Interessi fir d'Landschaftsmolerei entstanen. Den David Blayney Brown, Curateur aus der Tate Modern, deen d'Selektioun fir dës Ausstellung zu Lëtzebuerg getraff huet, erzielt:
"De Schwéierpunkt huet sech vun Uelegmolerei op Molereie mat Waasserfaarwe verluecht, well dat méi einfach ze benotzen ass, wann ee net säi ganze Studio dobäi huet. D‘Kënschtler hu misse Weeër fanne, fir méi schnell op Saachen ze reagéieren. Entweder direkt op der Platz, oder andeems se owes an hiren Ënnerdaachungen d’Skizze vum Dag faarweg gemoolt hunn."
Zu deene grousse Moler, déi an dëser Ausstellung vertruede sinn, gehéieren ënnert anerem de Richard Wilson, den John Richard Cozens oder och den Joseph Mallord William Turner, dee sech zum Deel u sengen Zäitgenossen inspiréiert huet. Hie war ausserdeem zweemol am Kader vun enger Grand Tour zu Lëtzebuerg, wou hien eng ganz Serie mat Guache-Molerie vum Grand-Duché gemoolt huet, David Blayney Brown:
"Hien huet souguer eng ganz Serie mat Guache-Molereie gemaach, fir déi hie bloe Pabeier als Hannergrond benotzt huet an intensiv Guache-Faarwen driwwer. Ech mengen hien huet d'Faarwe vu Lëtzebuerg intensivéiert. Entweder dat, oder hien hat aussergewéinlech gutt Wieder, well d'Biller hunn all onheemlech kräfteg Faarwen. Dee bloen Hannergrond hëlt him ausserdeem en Deel vun der Aarbecht of."
D'Ausstellung "Grand Tourists to Turner" an der Villa Vauban ass bis den 11. Oktober gratis ze gesinn.