
Dat huet de Chef vum Orsay-Musée zu Paräis Christophe Leribault matgedeelt. Den Orsay-Musée huet d’Bild un de schwedeschen Nationalmusée ausgeléint.
E Mëttwoch haten zwou Aktivistinnen d’Schutzglas vum Monet-Bild, wat aus dem Joer 1900 staamt, mat rouder Faarf beschmiert a sech dono um Glas festgepecht.
Eng Spriecherin vun der Grupp “Aterställ Vatmarker” huet der schwedescher Regierung virgeworf, hir international Klimaverflichtungen net anzehalen. Esou schéi Gäert, wéi um Bild ze gesi sinn, wiere “gläich just nach eng Erënnerung” esou d’Grupp.
An enger Videokonferenz gouf d’Wierk vun Experten aus den zwee Muséeë gepréift a weder d’Wierk selwer, nach de Kader, wiere beschiedegt ginn. Dem Musée vu Stockholm no wier d’Bild och gläich nees ze gesinn.