RIP"Mord ist ihr Hobby"-Actrice Angela Lansbury ass dout

RTL Lëtzebuerg
Als Jessica Fletcher an der Krimiserie "Murder, She Wrote" gouf d'Schauspillerin weltbekannt. Kuerz virun hirem 97. Gebuertsdag ass d'Brittin verscheet.
© AFP/Archiv/ROBYN BECK

A fënnef Deeg hätt d’Angela Lansbury hire 97. Gebuertsdag gefeiert. En Dënschdeg ass si am Alter vu 96 Joer um 1.30 Auer Lokalzäit friddlech zu Los Angeles ageschlof. Dat huet hir Famill an engem Statement géintiwwer “Access Hollywood” matgedeelt.

Hire weltwäiten Duerchbroch hat d’Lansbury mat “Murder, She Wrote” (“Mord ist ihr Hobby”). Vun 1984 bis 1996 hat d’Brittin an der Krimiserie d’Roll vum Jessica Fletcher verkierpert. Bannent hirer Karriär gouf si ënnert anerem sechs Mol mam Golden Globe Award an engem Tony Award ausgezeechent, 1995 krut si den Titel “Disney-Legend”. Zu hire bekanntste Filmer zielen “Death on the Nile”, “Mr. Popper’s Penguins” an “Bedknobs and Broomsticks”. Donieft war hir Stëmm am Disney-Film “Beauty and the Beast”, genausou wéi am Film “The Grinch” ze héieren.

Back to Top
CIM LOGO