PhilharmonieMusikalesch Rees duerch Amerika

RTL Lëtzebuerg
Den Orchestre Philharmonique de Thionville hëlt de Publik mat op eng Rees duerch d'musikalesch Landschafte vun den USA.

Et dierft eng spannend Ugeleeënheet sinn, déi esouwuel confirméiert Symphonie-Connaisseuren, ewéi och Amateuren a souguer Cinephille begeeschteren wäert.

Well nieft Wierker vum Leonard Bernstein sollen och déi vum Ennio Morricone am Sall vun der Philharmonie erkléngen. De Morricone ass ënnert anerem fir fir seng kultesch Melodien an de bekanntste Westernfilmer bekannt.

Fir Modernitéit suergt och d’Besatzung am Orchester. Vun de 85 Museker op der Bün, sinn och d’Harmonika, d’Okarina, d’Gittare vertrueden. Instrumenter, déi een net esou dacks an engem Symphonie-Orchester ze gesi bzw. ze héiere kritt.

Ma och Stëmme solle fir Stëmmung suergen. Sou si ganzer zwee Chéier mat vun der Partie, dorënner och dee vu Folscheid.

Eng Villsäitegkeet un Téin- a Klangfaarwen déi, sou d’Konzept hannert dem Concert, de Public mat op eng Rees hëlt vun der Ost- op d’Westküst vun den USA. All Lidd representéiert also e Genre, deen enger bestëmmte Regioun am Land korrespondéiert.

De Pass brauch ee fir dës Aventure jiddefalls net anzepaken. All weider Informatioune fënnt een um Site vun der Philharmonie.

Back to Top
CIM LOGO