Nom Succès vun “Breaking the waves” 2019 bréngt si mam Stéck “Elena” elo fir déi zweete Kéier eng Adaptatioun vun engem Filmzenario op d’Bün.
“Elena” erzielt d’Geschicht vun enger Fra, déi mat engem räiche pensionéierte Mann bestuet ass. Hir Relatioun ass markéiert vun engem Echange – d’Elena këmmert sech ëm de Stot an de Vladimir, hire Mann, gëtt hir dofir Stabilitéit an erfëllt hir all hir materiell Wënsch.
D’Myriam Muller – Realisatrice:
“Den Alldag vun enger eelerer Koppel huet mech interesséiert an och d’Fraen aus där Generatioun mat hirer alldeeglecher Aarbecht am Stot. Déi Thematik an awer och déi vun den animaleschen Instinkter als Fra, Mamm zu sengem Kand. Dat waren déi Themen, déi mech am Zenario interesséiert hunn.”
D’Aarbecht vun der Realisatrice ass et, mat de Schauspiller ze schaffen an d’Rhythmen ze fannen. Beim Theaterstéck “Elena” war de Spannungsopbau wichteg fir d’Myriam Muller.
“Als Kand war ech ëmmer en Hitchcock-Fan. Dat waren déi éischt Filmer, déi ech gesinn hunn an ech hu se all gesinn. Et ass en Hauch dovunner dran. Et spiert een ëmmer, datt iergendwann eppes geschitt, vue datt net vill geschitt an dat bréngt dann déi Spannung ëmmer méi héich.”
Doniewent gëtt mat engem ganz visuelle Langage geschafft – mat de Videoprojektioune ginn d’Emotioune vun de Schauspiller verstäerkt.
“Ech stinn ëmmer tëschent den Aarbechten, déi ech am Théâtre du Centaure maachen, wou d’Leit esou no un de Schauspiller sinn, an dann déi méi grouss Mise en scène, déi ech dierf hei am Groussen Theater maachen. De Video erlaabt eis, datt déi eng Hand déi aner ka reechen. Dat heescht, et huet een de grousse Plateau a mat der Kamera kann een da wierklech no un d’Gesichter erugoen. A wierklech spieren, wat bannen an der Séil vun de Schauspiller geschitt. Fir mech ass et einfach en Outil, fir dem Spectateur nach méi wäit eng eemol Erfarung ze ginn.”
“Elena» gëtt nach bis de 6. Oktober am groussen Theater gespillt.