Bis zur Volleksschluecht vu Leipzig 1813 regéiert de Keeser iwwer quasi ganz Europa – dorënner och Lëtzebuerg. Déi 20 Joer franséische Regimm, dorënner 15 ënnert dem Napoleon, hunn eist Land staark beaflosst, si hu mat derzou bäigedroen, dass ee méi moderne Grand-Duché sech entwéckelt huet – awer och fir vill Leed a Blutvergéisse gesuergt.
Uechter ganz Lëtzebuerg begéint een en haut nach. Wann och heiansdo an der Miniatur-Versioun. 1795 gëtt Lëtzebuerg vu Frankräich besat a gëtt mat senger Ëmgéigend zum 98. Departement – dem “Département des Forêts”. 1799 iwwerhëlt den Napoleon de Pouvoir a katapultéiert de spéidere Grand-Duché an d’Modernitéit.
“Ab deem Ament krut Lëtzebuerg op villen Niveauen nei Verwaltungen. D’Kadasterverwaltung gouf ënnert dem Napoleon agefouert. An och vill aner durabel Strukturen, déi et zum Deel nach haut gëtt.”, erkläert de Philippe Nilles, Conservateur am Nationalarchiv.
D’Liewen ass net einfach schwaarz oder wäiss. Esou och net dat vum Napoleon Bonaparte. “Mat der “conscriptioun”, déi 1798 instruéiert ginn ass a bis 1814 gedauert huet, si ganz vill jonk Lëtzebuerger, déi am Fong wichteg Hëllefsaarbechter waren, fort an de Krich. Dat huet um sozialen Niveau seng Spueren hannerlooss.”
Vill jonk Zaldoten, esou och de Jaques Dupont vu Pënsch, probéieren, der franséischer Nummer 1 méi no ze kommen, weise Bréiwer un d’Famill.
“Hie war effektiv nieft Paräis stationéiert. An e schreift och am Bréif u seng Elteren, datt en op Paräis selwer gereest ass, fir eng Militärparad a Presenz vum Keeser ze besichen.”
E Personnage, honnerte Mol portraitéiert a gelueft fir seng déifgräifend Reformen um legislativen Niveau. Gläichzäiteg awer schëlleg fir den Doud vun Honnertdausenden Zaldoten. Dorënner och aus dem 98. Departement. 14.000 Jongen hu missen déngen. 9.000 vun hinne sinn net méi rëmkomm. 3.000 vun hinnen hunn en Doudeschäin – déi aner si verschwonnen. An awer gouf de Bonaparte vu villen ugehimmelt – esou och bei senger eenzeger Visitt 1804 zu Lëtzebuerg.
“Den Napoleon huet och e kuerzen Halt zu Gréiwemaacher gemaach, wou e vum Gemengesekretär, deen och Kommandant vun der Éieregarde war, Luef-Gedichter virgelies krut. Mat Luef fir säi politescht a militärescht Talent. Hie gouf richteg vergëttert a mat engem Hannibal gläichgestallt.”
Et war och den Napoleon, deen déi administrativ Gläichberechtegung vun de Judden offiziell nidderschreift a garantéiert, datt all Relioun virum Gesetz gläich behandelt gëtt.