Virun der PhilharmonieNei Ausstellung "Mom, I don't want war"

RTL Lëtzebuerg
Op der Place de l'Europe ginn eng Rëtsch Zeechnunge vu polnesche Kanner aus dem Zweete Weltkrich a vun ukrainesche Kanner elo gewisen.
© Valeria Wiwinius

Zanter dem Lancement vun der russescher Invasioun an der Ukrain, hunn Dausende vu Leit – virun allem Frae mat Kanner – hiert Heemechtsland hannert sech gelooss a Refuge an anere Länner gesicht. Vill vun de Kanner sinn awer och zeréckbliwwen a léieren elo zanter bal 8 Méint iwwer de Krich net aus Geschichtsbicher an der Schoul, mä duerch Erfarungen um eegene Leif. Fir deene Kanner eng Méiglechkeet ze ginn, sech selwer auszedrécken, gouf de Site momiseewar.com lancéiert. Hei kënnen d’Eltere Fotoe vun hire Kanner hiren Zeechnungen erareechen an esou sinn an der Tëschenzäit schonn iwwer 13.500 Biller zesummekomm. Nei ass déi Iddi awer net. Schonn zur Zäit vum Zweete Weltkrich huet d’polnescht Nationalarchiv iwwer 7.000 Kanner-Zeechnunge gesammelt. An obschonns do méi wéi 70 Joer dertëschent leien, ënnerscheeden d’Zeechnunge sech praktesch net.

Iwwer déi lescht Méint goufen d’Zeechnunge vun de polneschen a vun den ukrainesche Kanner zu enger Ausstellung zesummegesat, déi zanterhier a 16 verschiddene Stied a Polen ausgestallt gouf. Elo huet de polneschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg, de Piotr Wojtczak, gehollef, d’Ausstellung op Lëtzebuerg ze bréngen.

Den 13.Oktober gouf d’Ausstellung “Mom, I don’t want war” op der Place de l’Europe virun der Philharmonie offiziell inauguréiert. Sur place waren och déi ukrainesch Chargé des affaires fir d’Belsch a Lëtzebuerg, d’Natalia Anoshyna an de Stephan Gehmacher, Direkter vun der Philharmonie. Den nächste Schrëtt ass, d’Zeechnungen, déi an der Ausstellung sinn, zu enger Collage zesummenzesetzen an als NFT ze versteeën. Den Ertrag soll un d’Kanner an der Ukrain gespent ginn.

No der Philharmonie reest d’Ausstellung weider op Bréissel, éier se da vum 16.Dezember un zu Clierf ausgestallt gëtt.

Back to Top
CIM LOGO