Bienvenue à la villa (2)Nei Expositioun an der Villa Vauban

Patricia Baum
Eng vun den Aufgabe vun der Villa Vauban ass et, d'Kollektioun ëmmer weider auszebauen. Domat ënnerstëtzt een d'Institutiounen, d'Galerien an och d'Kënschtler.

D’Villa Vauban huet an de leschte Joren nämlech och eng zäitgenëssesch Sammlung opgebaut. Mat der neier Ausstellung “Bienvenue à la villa 2" gëtt en Deel vun den Acquisitiounen vu Lëtzebuerger Kënschtler gewisen.

D’Wierker vun 41 Kënschtler aus den ënnerschiddlechen Generatioune ginn den Ament an der Villa Vauban gewisen. D’Expositioun weist eng Selektioun vun hirer zäitgenëssescher Kollektioun. Eng Kollektioun , déi sech ëmmer weider ausbaut a wou et fir d’Villa Vauban wichteg ass d’Institutiounen, d’Galerien an d’Kënschtler, ze ënnerstëtzen.

Et ass eng Form vu Mecenat andeems d’Villa Vauban all Joer eng 20 Wierker keeft. An dat ëmfaasst verschidde Medien, woubäi de Schwéierpunkt méi op de klassesche Medie läit, wéi der Molerei, Zeechnung a Fotografie.

D’Ausstellung soll net als e “Best of” gesi ginn. D’Konzept ass et éischter duerch verschidden Theme, wéi zum Beispill Identitéit, Portraiten a Landschaften, d’Wierker aus der Kollektioun, zesummen ze bréngen.

“Bienvenue à la Villa” gëtt iwwerdeems e gudden Iwwerbléck, wat d’Lëtzebuerger Konschtzeen ze bidden huet, an dat nach bis den 20. Mee.

Back to Top
CIM LOGO