Am Documentaire “Michel Majerus – Next Step” geet d’Realisatrice Anne Schiltz genau deem Aspekt no a kuckt wéi seng Konscht haut nach weider lieft. De Michel Majerus huet a senger kuerzer Schafenszäit eng remarkabel Unzuel u Wierker hannerlooss. Fir d’Realisatrice Anne Schiltz war et deemno wichteg ze weisen, wat haut mat senger Konscht geschitt.
“Ech hunn du séier rausfonnt, datt ganz vill mat senger Konscht geschafft gëtt. Et gëtt de Michel Majerus Estate zu Berlin, wou niewent dem Archiv och vill Fuerschungsaarbecht gemaach gëtt. A seng Wierker ginn och ëmmer erëm gewisen op ganz ville verschiddene Plazen”
De Michel Majerus gëtt ëmmer erëm als e Kënschtler bezeechent, dee senger Zäit viraus war. Seng Molerei ass iwwert di traditionell Grenzen erausgaangen. An hien huet sech vun den technesche Fortschrëtter aus de 1990er Joren dreiwe gelooss.
“Hie verbënnt dat digitaalt Liewen oder digital Figuren aus dem fréien Informatiounszäitalter mat Popkultur a Molerei. Hien huet villes scho fréi erkannt an huet se ëmgesat am traditionellste Medium, deen d’Konscht kennt: der Molerei. Hien huet sech fir di wichtegst Themen aus senger Zäit interesséiert an huet dofir eng Ëmsetzungsform fonnt.” (Bettina Steinbrügge – Direktesch vum Mudam)
Dem Michel Majerus seng Billersprooch gëtt haut vun de jonke Generatioune besser verstane wéi fréier vu sengen Zäitgenossen. Seng Konscht huet also nach ëmmer e groussen Afloss.
“Wéi hien dat gemaach huet, war et vläicht munchmol nach e bëssen ze fréi. Et goufen deemools dann och schonn di sougenannten “Nerds”, di schonn an di Welt agedaucht sinn, mee et war nach net an der breeder Gesellschaft ukomm. An haut kenne vill jonk Mënschen de Vocabulaire, deen hie benotzt.”
De Michel Majerus huet wuertwiertlech enorm Dimensiounen hannerlooss. Fir d’Anne Schiltz war et deemno wichteg, am Documentaire verschidde Momenter a Rekonstruktiounen aus de leschte Joren ze weisen.
“Dat sinn net einfach Tableauen, di ee kann huelen an op eng Mauer hänken, mee dat sinn Objeten, di all Kéiers, wou se gewise ginn, mussen nei gebaut oder nei gemoolt ginn. Wéi zum Beispill Wandmolereien déi net fest iergendwou hänke mee déi fir all Ausstellung an dem Musée wou se grad gewise gi frësch gemoolt ginn.”
Am Ganze sinn ëm di 20 Ausstellungen am Kader vum Michel Majerus sengem 20. Doudesdag organiséiert ginn, dorënner och zu Miami an Amerika. De Recht ass verspreet duerch ganz Däitschland an d’nächst Joer gesäit ee seng Wierker dann och erëm hei zu Lëtzebuerg am Mudam.
De 5. November gesäit een dann hei op RTL den Documentaire: “Michel Majerus – Next Step” vum Anne Schiltz an bis den 15. November ass de Film dann och um RTL Play ze gesinn.