Iwwert déi 10 Deeg Festival kann ee vun enger ëmfangräicher Kinosprogrammatioun profitéieren. D’Patricia Baum war bei der Ouverture dobäi.
Ëm déi 180 Filmer sinn dëst Joer fir de LuxFilmFest selektionéiert ginn. A wie Filmfestival seet, dee seet och Competitioun. An der offizieller Competitioun sinn dëst Joer 9 Filmer, dorënner eng reng lëtzebuergesch Produktioun an zwou Lëtzebuerger Co-Produktiounen. En Donneschdeg den Owend bei der Ouverture vum LuxFilmFest war de Kinossall voll. Eppes, wat an de leschte Joren net ëmmer selbstverständlech war. 2020 huet de Lëtzebuerger Filmfestival missen um zweetleschten Dag wéinst dem Ufank vun der Pandemie annuléiert ginn.
“Mir hunn effektiv dräi Joer a prekäre Konditioune misse schaffen. De Festival spiert och haut den Impakt vun der Inflatioun wéinst dem Ukrain-Krich. Mee mir sinn awer einfach frou, datt mir rëm eng gewëssen Normalitéit hunn”, sou den Alexis Juncosa, Direkter vum LuxFilmFest.
De LuxFilmFest ass e Publikumsfestival an net just exklusiv fir d’Leit aus dem Filmsecteur.
E ganz wichtege Volet vum Festival ass d’Programmatioun fir de jonke Publikum, wou och den edukative Volet eng Roll spillt.
Nach emol den Alexis Juncosa:
“Fir verschidde Kanner ass et déi éischte Kéier, datt si an de Kino ginn a fir eis ganz Ekipp ass dat ëmmer e ganz schéine Moment. Et ass en ëmfangräiche Programm, sief et d’Filmer, d’Atelieren, d’Workshoppen, d’Masterclasses. A mir sinn einfach frou, hinne kënnen eng Perceptioun vum Kino mat op de Wee ze ginn, déi qualitativ héich ass. Et ass eng Entrée an d’Kinoswelt, déi mir immens soignéieren, an der Hoffnung, datt si an Zukunft gutt Spectateuren oder vläicht souguer d’Filmemaacher vu muer ginn.”
Déi nächst néng Deeg kann een déi national an international Filmer an d’Kinossäll entdecke goen. Ma awer och baussent vun de Mauere vum Kino gëtt et en ofwiesslungsräiche Programm u Workshoppen, Masterclasses a villes méi. An domat steet alles am Zeeche vum Film an dat nach bis den 12. Mäerz.
