KonschtNicolas Frantz gewënnt no 94 Joer nees eng Course

RTL Lëtzebuerg
Et war eng gewote Wett, déi schlussendlech op gaangen ass. No engem Appel aux dons konnt den MNAHA d'Wierk "Le Champion" vum Lëtzebuerger Moler Joseph Kutter ergatteren.

“Klammt mat an d’Course!” sou hat am de 15. Juni 2023 den MNHA eng Campagne genannt, fir de Portrait vum Lëtzebuerger Cycliste Nicolas Frantz ze kafen an esou an hir Sammlung opzehuelen. Nodeems d’Besëtzer vum Bild et wollte verkafen, hat de Musée nämlech beschloss en Appel au don ze starten, fir déi neidesch 100.000 Euro zesummen ze kréien. De Start vun engem richtege “contre la montre”, deen elo erfollegräich op en Enn komm ass an dat souguer mat enger gudde Virsprong, well d’Zomm vu 100.000 Euro iwwerschratt gouf, sou de Musée. Ronn 555 Persounen haten en Don un de Fonds cultutrel national (FOCUNA) gemaach.

Back to Top
CIM LOGO