
Hei erwaart de Visiteur e flotten an interaktiven Owend fir Grouss a Kleng zum Thema “Natierlech däischteren Nuetshimmel”. Um Programm stinn an deem Kader dann och e ganze Koup Aktivitéiten. Den Daniel Gliedner, Liichtberoder am Naturpark Our:
“Do hu mer zum Beispill e Bastelatelier fir déi Kleng. Do gëtt et “die kleinste Taschenlampe der Welt”, mir bastele Lampionen, mir hunn en Atelier iwwer Feier, mir bastele Käerzen. Dann hu mer déi ganzen Zäit iwwer Sonn- a wann et bis däischter ass och Stärebeobachtung, do hu mer méi Astronomen op der Plaz. Mir hunn e mobile Planetarium vum Naturmusée. Dann hu mer Stärebiller, eng Ausstellung ‘Insekteräich’.”
Ma och eng Nuetswanderung ass virgesi genee souwéi e Workshop dobaussen, wann et bis däischter ass, bei deem mat enger Liichtfal Nuetsfalter gefaange ginn.
“An dann och ganz flott Echo-Akustik, wou mer da kënnen am Bësch lauschteren, mat Ultraschall, wat sech do vun Déiere sou beweegt.”
Et ass deemno fir jiddereen eppes dobäi. An dat flott drun ass och nach, dass et gratis ass an dass ee sech och net am Viraus umelle muss.
Rendez-vous also e Samschdeg den Owend vun 18 Auer un am Park Housen fir e flotten Owend ronderëm d’Astronomie, den Nuetshimmel, d’Liichtverschmotzung an d’Déierewelt an der Nuecht. De ganzen Detail um Site vun der Gemeng Parc Housen.
Den Tipp vun e Méindeg: Déi 5. Editioun vum Echterlive Festival am Trifolion
Den Tipp vun en Dënschdeg: De White Dinner um PërmesknuppD’Stengeforter Steekaulen an hir Mouken
Den Tipp vun en Donneschdeg: DOTS-Atelier ronderëm de Schifer zu Uewermaartel