Echterlive Festival am Trifolion

© RTL Grafik
Vun en Donneschdeg bis e Sonndeg verwandelt sech Iechternach scho fir déi 5. Editioun an e klenge Festival fir déi ganz Famill.
An och dëst Joer ass de Programm nees gutt mat nationalen awer och internationale Stare gefëllt.
Wärend 4 Deeg wäert een zu Iechternach Festivalstëmmung erliewe kënnen. Net nëmmen am Abteishaff wäerte vun en Donneschdeg bis e Sonndeg ëmmer Owes Concerte virgesi sinn, mee och an der ganzer Stad wäerten iwwert de Weekend kleng Animatiounsgruppen, Stelzeleefer a Clownen ënnerwee sinn. Op verschidde Plaze spille kleng Bands a Spiller fir Grouss a Kleng maachen de Festival komplett. Wéi d'Affiche vun dëser Editioun ausgesäit, weess de Maxime Bender, Direkter vum Trifolion:
"Mir hunn e bëssi vun Allem, mee haaptsächlech hu mer dëst Joer e bëssi méi axéiert op däitsche Pop. Mir wäerten Donneschdes Owes den "Adel Tawil" hunn, mir hu Freides eng Deluxe Night mat nëmme Lëtzebuerger Acts, mat ënnert anerem, ech nennen der elo nëmmen e puer, "Seed to Tree", "Edson", "MAZ", mee ënnert anerem och "All Reitz Reserved", "Jackie Moontan". Dat ass e fräien Owend, deen ass gratis. An dann hu mer Samschdes, den 22. Juli, den "Dean Lewis", dat ass en australesche Superstar, dee kënnt. Do hu mer natierlech och all Kéier Support Acts wéi ënnert anerem "Chaild", dee wäert do Lëtzebuerger Support Act sinn. Sonndes da maache mer de Closing mat engem ganz bekannten däitsche Sing- a Songwriter "Clueso", wou mer och e Lëtzebuerger Support Act hunn, dat ass den 'Georges Island'."
D'Diere fir déi verschidde Concerte ginn Owes um 19 Auer op a gratis Busnavette bréngen Iech vun deene verschiddene Parkinge bis op d'Plaz. Fir Iessen a Gedrénks ass dann och gesuergt.
Eng flott Geleeënheet deemno e klengen Ausfluch an d'Abteistad Iechternach ze maachen an do e puer flott Stonnen ze verbréngen. An déi nächst Deeg ginn et och Tickete fir alleguer d'Concerte vum Echterlive Festival op RTL ze gewannen.