Nom spektakulären Transport vun der 36 Tonne schwéierer historescher Hanomag aus dem Escher Stadkär 4 Kilometer bis an den Depot op de Belval sinn d’Restauratiounsaarbechten elo ugelaf.
Spéider ass et un der AEG-Elektrolok an dem sougenannten Humpen, e Chariot, dee fréier d’Schlake gefouert huet. Déi 3 Gefierer stounge jorelaang uechtert d’Minettsmetropol a si lues a lues zerfall.
Zënter Abrëll sinn déi klasséiert Maschinnen elo ënnerdaach a ginn eng no där anerer restauréiert, fir datt se an Zukunft nach ville Generatioune weise kënnen, mat wéi engem Geschier d’Aarbechter fréier op der Schmelz geschafft hunn.
Dobäi kënnt, datt iwwert eng Konventioun mat Pro-Actif 5 Leit konnte beschäftegt ginn a mathëllefen, datt déi al Eisen nees un d’Blénke kommen.