Eng Iddi déi de Fonds National de Recherche zesumme mat der Rockhal entwéckelt huet. An der Rockhal konnt een dowéinst e Sonndeg ongewinnte Kläng héieren. Keng Museker mä Wëssenschaftler stiechen hannert den Téin. Am Foyer vun der Concertshal waren all méiglech Ateliere wou Kläng op di verschiddenst Aart a Weise produzéiert goufen.
D’Wëssenschaftler hunn zum Beispill gewise wéi ënnerschiddlech Daten a Schall ëmgewandelt gëtt. Eng ganz Partie Acteuren aus dem Lëtzebuerger Science Secteur hunn sech un dësem Event bedeelegt, dorënner de FNR, d’Uni.lu an de LIST.