
“Oppenheimer”, den Hollywood-Film iwwert den Erfinder vun der Atombomm, war an net manner wéi 8 Kategorien nominéiert. Just d’Satire “Barbie” war mat 9 nach méi dacks nominéiert.
De Cillian Murphy, deen d’Haaptroll am Oppenheimer gespillt huet, krut de Präis fir de beschte männleche Schauspiller, iwwerdeem säi Kolleeg Robert Downey Junior fir déi beschten Nieweroll ausgezeechent gouf.
Och de Regisseur Christopher Nolan krut ee vun de beléifte Golden Globes. Des Weidere krut de Film de Präis fir beschten Drama a fir déi beschte Filmmusek.
Beschten Drama-Schauspillerin gouf d’Lily Gladstone fir hir Haaptroll am “Killers of the Flower Moon”.
“Barbie” krut iwwerdeems just 2 Golden Globes, dat fir de beschte Filmsong a fir de “Cineamtic and Box Office Achievement”, e Präis, deen dëst Joer nei war.
De franséische Justizdrama “Anatomie eines Falls” mat der däitscher Schauspillerin Sandra Hüller an der Haaptroll gouf als beschten net-englesche Film geéiert.
D’Globes gëlle jo als gudden Indicateur fir d’Oscaren. Déi ginn dëst Joer den 10. Mäerz verginn.