Critics Choice Awards"Oppenheimer" hëlt direkt aacht Präisser mat Heem

RTL Lëtzebuerg
Déi sougenannten "Award Season" zu Hollywood ass lancéiert. De Blockbuster "Oppenheimer" huet elo och beim Critics Choice Award grouss ofgeraumt.
© AFP/Michael TRAN

Direkt aacht Präisser duerft de Biopic iwwert den Entwéckler vun der Atombomm mat Heem huelen, dorënner de Präis fir de beschte Film. Ënner anerem gouf de Film och präméiert mat der beschter Regie, Kamera, Filmmusek an dem beschten Niewenduersteller fir de Robert Downey Jr..

Dat de Film sech an der “Award Season” esou gutt profiléiert, ass kaum verwonnerlech, nodeems en an de Kinoskeesen am Summer ronn 1 Milliard Dollar abruecht hat. “Oppenheimer” ass domat och ee klore Favorit fir d’Oscars am Mäerz.

“Barbie”, deen zäitgläich mat “Oppenheimer” an de Kinoen ze gesi war an och eng sëllege Rekorder gebrach huet, konnt sech bei de Präisverdeelunge bis elo nach net esou gutt duerchsetzen. Nach keen eenzege Spëtzepräis goung dës Saison hunn de Film vun der Regisseurin Greta Gerwig.

Beim Critics Choice Award hunn awer och nach aner Filmer Präisser gewonnen: D’Emma Stone huet fir hir Roll an der Komedie “Poor Things” bescht Schauspillerin gewonnen, wärend de Paul Giamatti als beschte Schauspiller fir seng Roll an “The Holdovers” ausgezeechent gouf. Beschten net-engleschsproochege Film war “Anatomie of a Fall” vun der franséischer Regisseurin Justine Triet an der däitscher Schauspillerin Sandra Hüller.

Back to Top
CIM LOGO