
D’Film-Biografie vum Regisseur Christopher Nolan krut direkt siwe Präisser, dorënner deen als beschte Film. An den Haaptacteur Cilian Murphy gouf als beschte Schauspiller ausgezeechent. Oppenheimer, dee méi wéi eng Milliard US-Dollar an de Kinoen agespillt huet, huet seng Favoritteroll domadder dräi Woche virun den Oscaren nach emol kloer confirméiert.
Den zweete Gewënner vun de Baftas war iwwerdeems de Film “Poor Things”, dee fënnef Mol priméiert gouf, ënnert anerem mam Emma Stone als beschten Actrice.