
Zanter dem 7. Oktober 2022 konnt de Public am Lëtzebuerg City Museum an der Ausstellung Best of Posters déi flott an ausgefale Postersammlung kucke kommen, déi iwwert d’Joren entwéckelt gouf, fir sëlleg Manifestatiounen hei am Land ze promovéieren. Ganz egal op Concerten oder reliéis Versammlungen, all Evenement war Grond genuch, fir e Poster ze entwéckelen. En Vue vun deem wat dobäi erauskoum, kann ee soen, zu Rescht an zum Gléck. Dat soen net nëmme mir, well mat nämlech iwwer 60.000 Visiteuren am Lafe vun der Ausstellung kann een nëmme vun engem Succès schwätzen.

E Succès, deen de Musée mam Public op eng ganz eege Manéier feiere wëll, esou huet een den 18. Januar tëscht 17.30 an 20.00 Auer d’Méiglechkeet, säi léifstent Wierk mat Heem ze huelen, oder bal. D’Konzept ass dat follgend: De Public kann en Donneschdeg nees duerch d’Ausstellung trëppelen a säin Numm an eng Enveloppe leeën, déi nieft sengem Coup de coeur läit. Da gëtt aus all Enveloppe een Numm ausgeloust. De Gewënner oder d’Gewënnerin dierft da fir 15€ mat enger Réplique vu sengem léifste Wierk Heem goen.
D’Recettë vun dëser Verlousung ginn un de Creamisu, e soziokulturelle Lieu, dee Sans-abrisen erméiglecht, sech kënschtleresch ze beschäftegen. Zousätzlech dozou a ganz nom Motto probieren geht über studieren, huet de Public och d’Méiglechkeet, am Kader vun dëser Vente un engem Atelier deelzehuelen, bei deem ee vum Charl Vinz eng Aféierung an d’Drockkonscht kritt.