Nach bis den 21. DezemberPositions – sou heescht déi aktuell Ausstellung an der Galerie Schlassgoart zu Esch

Sandy Elsen
D'Expo setzt d'Wierker vu 5 Lëtzebuerger Kënschtler, respektiv 5 verschidden artistesch Positiounen an en Dialog mateneen.
Positions – sou heescht déi aktuell Ausstellung an der Galerie Schlassgoart zu Esch
D’Expo setzt d’Wierker vu 5 Lëtzebuerger Kënschtler, respektiv 5 verschidden artistesch Positiounen an en Dialog mateneen.

Dorënner och déi vum Moler a Kënschtler Marc Henri Reckinger, deen am August dëst Joer verstuerwenen ass - 2 Deeg nodeems hie fir säi Liewenswierk zum Laureat vum Konschtpräis 2024 ernannt gouf.

Den Titel “Positions” ass Programm. Mat de Wierker vun der Kënschtlerin Claire Weides-Coos an de Kënschtler, Henri Goergen, Hubert Wurth, Rol Steimes a Marc Henri Reckinger, wollt de Kommissär vun der Ausstellung, de Fernand Weides verschidde Stiler, Genren an Techniken op harmonesch Manéier matenee konfrontéieren.

Am Summer 2023 gouf déi aktuell Ausstellung ënnert dem Titel “Übergreifende Positionen” zu Saarbrécken presentéiert. Dës war déi lescht Ausstellung, un där de Marc Henri Reckinger zu senge Liefzäiten deelgeholl hat.

D‘Ausstellung an der Galerie Schlassgoart ass also och en Hommage un dee Lëtzebuerger Kënschtler a Moler, deen zu der Generatioun vu Kënschtler gehéiert, déi an de 60er a 70er Joren en Ëmbroch vum kënschtleresche Liewen hei zu Lëtzebuerg bewierkt haten. Zäitliewens hat de Marc Henri Reckinger mat senger Konscht fir eng besser Welt gekämpft.

De Rol Steimes beschäftegt sech a senger Konscht virop mat Natur- an Industrielandschaften, déi hien fotograféiert fir se spéider mol an abstrakter, mol a figurativer Form op Toillen ze iwwerdroen. Dobäi experimentéiert hien mat deene verschiddenste Matièren an Techniken.

Nach bis den 21. Dezember kann een déi 5 Positiounen an der Galerie Schlassgoart entdecken.

Back to Top
CIM LOGO