De Lëtzebuerger Polizist ass 1969 gebuer an huet sech mat verschiddene Bicher an Ausstellungen national wéi och international en Numm gemaach.
Dat neit Wierk "Buerg Buurschent", an däitscher, franséischer, englescher, hollännescher a lëtzebuergescher Sprooch, zielt 170 Fotoen, Panoramablécker an aner Detailopname verdeelt op 160 Säiten.
D'Buch ass bei de Buurschter Schlassfrënn an der Buerg, der Gemeng Buerschent oder och bei der Librairie Zimmer zu Dikrech ze kréien, wéi och beim Editeur selwer.