De King of Disco"Purple Disco Machine" kënnt den 2. November 2024 an den Atelier

RTL Lëtzebuerg
Den 30. Januar ginn d'Ticketen an de Virverkaf, dir kritt elo schonn d'Chance eng Koppel Ticketen ze gewannen.
© Atelier

Virun allem seng Remixen aus House a klassescher 70er an 80er-Disco-Musek hunn dem Tino Piontek aka “Purple Disco Machine”, och bekannt als Tino Schmidt zu grousser Bekanntheet gefouert. Hie gehéiert momentan zu de gréissten DJen a Produzenten an der EDM-Welt a spillt op de gréissten Dancefloors op der Welt.


Dacks gëtt hien als de “King of Disco” vun der Neizäit bezeechent an huet ënnert anerem e Grammy fir säi Remix vum Lizzo sengerm Lidd “About Damn Time” kritt.

E Samschdeg den 2. November wäert hien am Atelier optrieden, d’Ticketen dofir wäerten en Dënschdeg den 30. Januar an de Virverkaf goen. Infoen a weider Detailer ginn et um offizielle Site vum Atelier.

Maacht mat a gewannt mat e wéineg Chance 2 Ticketen

RTL.lu gëtt Iech d’Geleeënheet, fir gratis beim Concert mat derbäi ze sinn. Wat musst Dir dofir maachen?

Schéckt einfach eng SMS mam Stéchwuert “Disco” an Ärem Numm an E-Mail-Adress op de 62468 (0,50 € de Message) a gewannt Är Ticketen.

Vill Gléck!

Back to Top
CIM LOGO