
1993 huet d’Musekskarriär vum Snoop Dogg ugefaangen, nodeem hie vum Dr. Dre entdeckt gouf. Elo soll seng Liewensgeschicht vu Universal Pictures verfilmt ginn, dat mam Snoop selwer als Produzent.
De Studio huet sech jo schonn un änlech Projete wéi de Film “Straight Outta Compton” iwwert d’Rapp-Grupp N.W.A. oder “8 Mile” iwwert den Eminem getraut. D’Dréibuch soll de Joe Robert schreiwen, deen och um “Black Panther”, respektiv un “American Crime Story: The People v. O. J. Simpson” bedeelegt war. D’Regie géif den Allen Hughes iwwerhuelen.
De Film ass dann och den éischte Film vum Snoop Dogg senger Produktiounsfirma “Death Row Pictures”. Fir de Rapper selwer ass dëse Projet dat “perfekt Bestietnis”, well hie laang gewaart huet, fir dëse Projet zesummenzestellen, well hien de richtege Regisseur, de perfekten Auteur an déi beschte Filmfirma wollt hunn, fir dëse Projet op d’Been ze stellen.