
“Remigration” ass deemno d’Onwuert vum Joer 2023, e rietse Kampfbegrëff, deen als Verschéinerung benotzt gëtt. Tatsächlech soll domat d’Praxis vu mënschenonwierdegen Expulsioune verschleiert ginn.
Op Plaz 2 ass d’Wuert “Sozialklimbim” gelant, e Begrëff, deen am Laf vun der Diskussioun ëm d’Kanner-Grondsécherung benotzt gouf an der Jury no fir eng weider heefeg diskriminéierend Rhetorik steet. Op Plaz 3 ass “Heizungs-Stasi” gelant, e populistescht Wuert, dat géint Klimaschutzmoossname steet.
2.301 Wierder goufe proposéiert. Dobäi wiere 710 verschidden Ausdréck proposéiert ginn, knapp 110 vun hinnen hätten d’Krittäre vum Onwuert vum Joer erfëllt. Déi heefegst Wierder, déi erakoumen, waren: Kriegstüchtigkeit, Doppelwumms, Gamechanger, Klimakleber, Technologieoffenheit oder nach Stolzmonat.
D’Aktioun ass bundeswäit gutt ugesinn a gëtt et zanter 1991. Et gi Begrëffer erausgesicht, déi de Fachleit no onmënschlech an net ubriecht sinn, géint de Prinzip vun der Dignitéit verstoussen an op ierféierend Manéier eppes Negatives verschéineren oder diskriminéierend sinn.
De Begrëff Klimaterroristen war d’Onwuert vum Joer 2022. Mat deem Wuert géife pauschal Mënschen diskriminéiert ginn, déi sech fir de Klimaschutz an d’Erhale vum Paräisser Klimaofkommes asetzen.