Noruff vum Christiane KremerRIP Frank Feitler

RTL Lëtzebuerg
Et huet mech erféiert en Donneschdeg, wéi ech d'Noriicht krut, datt de Frank Feitler gestuerwe wier.

An de leschte Joren hat hie sech vu sou munchem Coup erholl, och gesondheetlech. Elo war d’Krankheet méi staark wéi säi Wëllen, fir ze liewen, fir ze schaffen, fir ze produzéieren, fir ze motivéieren, fir ze laachen. No sengen éischte Schrëtt am Theater zu Lëtzebuerg an dono zu Basel an Hamburg, huet hien als fräischaffenden Auteur a Regisseur fir den Theater a fir de Film geschafft. Bis hien 2001 d’Verantwortung fir den Neien Theater krut. Um Ufank war dat een eenzege Chantier. D’Renovatioun war méi laangwiereg wéi geduecht. „Ech sinn den eenzegen Theaterdirekter ouni Theater“, huet de Frank Feitler ëmmer gäre gegeckst.

Déi Zwangspaus hat him awer sécher d’Chance ginn, seng Visiounen ëmzesetzen. De Groussen Theater krut en neien Numm an eng nei Ausriichtung an huet sech zu engem international renomméierten Haus entwéckelt. Och d’Professionaliséierung vun de Lëtzebuerger Produktioune louch dem Frank Feitler um Häerz. An do konnt hien och emol ongedëlleg a knoutereg sinn, wann et net sou gelaf ass, wéi et sollt. Dobäi war dem Frank Feitler dee Wichtegsten ëmmer den Zuschauer: “Dee muss et spieren, dee muss kënne laachen oder kräischen oder beréiert sinn - eréischt dann ass et gutt!”

Hien huet grouss Literate fir d’Bün verschafft, mee och Lëtzebuerger Auteuren eng Bün ginn. Ganz besonnesch witzeg ware seng Lëtzebuerger Owenter mat dem Ensembel Fräie Vollekstheater mat Josiane Peiffer, Luc Feit, Fernand Fox a Marc Olinger, déi an der Press och emol Frank Feitlers Gurkentruppe genannt gouf. Och dat huet hie selwer ëmmer gäre mat Humor zitéiert. Humor war fir hie besonnesch wichteg, wéi en a senger Ried vrun zwee Joer am Kapuzinertheater gesot huet, wou en den éischte Lëtzebuerger Theaterpräis fir säi Liewenswierk krut.

Léiwe Frank, du bleifs mer an Erënnerung als en oppene Mënsch, e bëssi verschmitzt, geselleg, intresséiert, loyal vis-à-vis vun denge Leit an als begeeschterte Sportsupporter, besonnesch vum Cyclissem. Du hues vill geleescht an hannerléiss vill, mee du hannerléiss vrun allem och eng Plaz, déi schwéier ze fëllen ass. Besonnesch bei deene Mënschen, déi der no stinn. Privat, awer och kulturell.

Ciao Frank, du waars e Groussen, net nëmme fir de Groussen Theater.

RTL-News: De Frank Feitler ass am Alter vun 73 Joer gestuerwen

Back to Top
CIM LOGO