
Dat nodeems seng Concerten zu Lille a Lyon dës Woch ofgesot goufen.
Den 31 Joer alen Artist mécht schonn zanter Jore mat negative Schlagzeilen op sech opmierksam. Scho viru 4 Joer gouf ënnert anerem géint hien enquêtéiert wéinst Texter, déi Rassenhaass géife provozéieren, an antisemittesche Videoclippen.
De Concert e Freideg den Owend an der Escher Rockhal gëtt wéi gesot reportéiert. Explikatioune gëtt d’Rockhal keng fir dës Decisioun. Den Direkter Oliver Toth sot op Nofro hin, et wier ee sech wuel bewosst gewiescht, datt dem Kënschtler Reprochë gemaach ginn, een dozou awer keng Positioun wéilt huelen. Seng Plackefirma wier eng vun de gréissten op der Welt an et wier scho vu Relevanz, datt hien hei zu Lëtzebuerg géif optrieden, huet den Direkter vun der Rockhal nach argumentéiert.
Wéi vill Leit Tickete fir den Owend kaf hunn a wat eng Annulatioun vum Concert d’Rockhal kascht, konnt hien op Nofro hin net beäntweren.
Dem Freeze Corleone säin nächste Concert e Sonndeg zu Bréissel ass fir de Moment awer mol nach geplangt.