Ëmmer um 17.10 AuerRTL-Afterwork, den entspaanten Interview, dës Woch mam Barbara Agostino

RTL Lëtzebuerg
Dat lescht Joer koumen direkt zwee grouss Changementer am Liewen vum Barbara Agostino.
© Patrick Greis

An der Chamber ass d’Powerfra aus dem Minett fir de Max Hahn nogeréckelt an am Summer huet si hier éischt Fouer als Foraine gemaach.

Am ‘Café des artistes’ beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten geet awer och rieds iwwer d’Zäit beim Fraefussball an eng witzeg Receptioun am Palais an eng beim engleschen Ambassadeur, wou si och opgefall ass. Et gëtt ee gewuer, wéi dat ass, wann de Partner aus enger anerer Partei ass a wou hier Passioun zu den Autoen hierkënnt.

Piano: Marc Schmidt

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.Wann der am Café des artistes wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.
Back to Top
CIM LOGO