Ëmmer um 17.10 AuerRTL-Afterwork, den entspaanten Interview, dës Woch mam Cécile Hemmen

RTL Lëtzebuerg
Et gëtt vill Méiglechkeeten, wouhier een d'Cécile Hemmen kennt: vum Radio, der Televisioun oder aus der Politik.

Et gëtt vill Méiglechkeeten, wouhier een d’Cécile Hemmen kennt: vum Radio, der Televisioun oder aus der Politik.
Am Laf vun der Woch héiere mir, wéi d’Cécile Hemmen et op d’Bün vum Groussen Theater gepackt hat, a wéi schwéier et war, als éischt “Madamm Télévie” Fouss ze faassen. Am “Café des Artistes” ginn den Dan Spogen, de Raoul Roos, de Mike Fandel an d’Shari Schenten gewuer, dass d’Cécile e Stalker hat, wéi si déi Lëtzebuergesch Stëmm vun engem Navi ginn ass, an dass si scho vu verschiddene Leit fir dout erkläert gi war.

Um Piano: de Marc Schmidt

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.

Wann der am “Café des artistes” wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO