
De Numm Frank Schleck huet een iwwer Jore mat groussem Vëlossport op héijem Niveau verbonnen. Mä wéi schwéier war de Wee bis dohinner? Wéi vill huet den Ex-Profi missten op d’Zänn bäissen, wéi haart waren d’Trainingslager vum Bjarne Riis a wéi ass dat mam Ekippegeescht wierklech?
Am Gespréich mam Dan Spogen, Raoul Roos, Patrick Kayser a Mike Fandel zielt en iwwert säi grousst Idol Miguel Indurain, iwwert säi Brudder Andy an déi männlech Diva Fabian Cancellara.
Um Piano an der RTL City: Erny Delosch
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17:20 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.
