Ëmmer um 17.10 AuerRTL-Afterwork, den entspaanten Interview, dës Woch mam Jeannot Waringo

RTL Lëtzebuerg
De Jeannot Waringo gouf ville Leit bekannt duerch de "Rapport Waringo".
© RTL

Mir héieren, dass de fréieren Direkter vun der “Inspection générale des finances” masseg Spaass versteet, awer als Museker kee riichten Toun erauskrut.

Am “Café des artistes” zielt de President vum Verwaltungsrot vun den CFL dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten iwwer d’Virdeeler als Eenzelkand, dass hien als Student Bréifdréier wollt ginn a beim Kache Musek vum Freddy Quinn brauch.
Piano: Marc Schmidt

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.

Wann der am “Café des artistes” wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO