
Am “Café des artiste”’ erënnert de Johann Lafer sech un de Furri, dee se zesummen haten. Den TV-Kach aus der Steiermark zielt awer och iwwer seng Elteren an d’Gebuert vu sengem Fils, déi e leider verpasst hat. Dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten verréit hien, wéi hien den Horst Lichter kennegeléiert huet an hien schwätzt iwwer seng 700 Puer Schong, säin Helikopter a seng éischt Schrëtt op der Televisioun beim Thomas Gottschalk.
Piano: Marc Schmidt
En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.