
Eng Tatta sot “et huet nach net geschwat, awer scho gesongen”, an sou geet dat bis haut. Ob Jazz, Pop, Rock, Schlager oder Volleksmusek, mat “Jazzline”, “Chapter Two”, den “Challengers”, de “Sauerdall Musikanten” oder de “Luxembourg Voices”. Mol am Background oder an der éischter Rei fir Lëtzebuerg beim Grand-Prix, d’Marion Welter begeeschtert mat hirer Stëmm an dat och an der Publicitéit.
Am Bistrot de la Presse wëllen den Dan Spogen, Mike Fandel, Raoul Roos an d’Shari Schenten déi privat Säite kenneléieren.
Piano am Bistrot de la Presse: Marco Schmidt
En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.
