Ëmmer um 17.10 AuerRTL-Afterwork, den entspaanten Interview, dës Woch mam Matthias Maurer
Den 11. November 2021 war de Matthias Maurer als Astronaut op d'ISS geflunn, woumat sech de Saarlänner e Kandheetsdram erfëllt huet.
Am “Café des artistes” am Gronn huet de 600. Mënsch am Weltraum dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten verzielt, wéi d’Äerd vun do uewen ausgesäit, wéi sech geduscht gëtt, firwat se Sport maachen, awer och wat et z’iesse gëtt, wéi et mam Alkohol ass an dass se eng Rüg kruten, well se op sengem Gebuertsdag gedanzt hunn.
Piano: Marc Schmidt
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.Wann der am Café des artistes wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.
En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.