
Am “Café des artistes” am Gronn huet hien op seng Karriär zréckgekuckt. Beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten huet hie verzielt, wéi ee fréier e Spiller wéi den Armin Krings op Gladbach siche goung. Zu senge Spiichte gehéieren déi, wéi hien de Ronald Biggs, Member vun enger englescher Raiberband fonnt, de Bud Spencer getraff, de Platini net erkannt huet, oder wat bei senger eegener Hochzäit alles schif gelaf ass.
Piano: Marc Schmidt
En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.