Ëmmer um 17.10 AuerRTL-Afterwork, den entspaanten Interview, dës Woch mam Nico Braun

RTL Lëtzebuerg
D'Emissioun RTL-Afterwork vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio a vu samschdes u komplett als Podcast.
© RTL

Den Nico Braun war den éischten Lëtzebuerger, deen an der däitscher Bundesliga e Gol geschoss huet. Nodeems vill Veräiner aus Holland, Frankräich an der Belsch sech fir hien interesséiert haten, goung et mat 20 Joer bei Schalke 04. Virdrun hat et hien op Walfer bei de Basket gezunn, mä d’Faszinatioun um Fussball war méi grouss.

Wat hien op Schalke, beim FC Metz an op der Union erlieft a gestiicht huet, zielt hien dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten. Piano am ‘Bistrot de la Presse': Marc Schmidt

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.Wann der am Bistrot de la Presse wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.

© RTL Grafik

Back to Top
CIM LOGO