Ëmmer um 17.10 AuerRTL-Afterwork, den entspaanten Interview, dës Woch mam Tommy Schlesser

RTL Lëtzebuerg
D'Emissioun RTL-Afterwork vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio a vu samschdes u komplett als Podcast.

Den Tommy Schlesser ass gewinnt a verschidde Rollen ze sprangen, a verschidde Personnagen a Filmer a Serien ze verkierperen. “Comeback”, “Gute Zeiten, Schlechte Zeiten”, “Superjhemp retörns”, “Rosamunde Pilcher”, “Inga Lindström”, “Traumschiff” oder “Capitani” stinn an der Filmographie. Am Bistrot de la Presse muss hien iwwer sech selwer schwätzen als klenge Bouf, Brudder vun 2 Gesëschter, als Mann vum Jill a Papp vun enger Duechter.

An den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d’Shari Schenten interesséiere sech fir all Detail.

Piano am Bistrot de la Presse: Marco Schmidt

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.Wann der am Bistrot de la Presse wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO