
Arméi oder Klouschter, dat war de Choix virun deen de Papp vum Yves Kortum säin Fils gestallt hat a spéider gouf dëse Fashionfotograf aus him. Den Sevy war DJ am legendäre Partyteam, huet d’Mandy Graff fir GNTM entdeckt an opgebaut an ass haut och den offiziellen Regierungsfotograf. Bei RTL huet hien an der Zäit fir vill Gespréich gesuergt mat “Models uncovered”.
Hien huet genuch ze zielen, ze bereien a kloer ze stellen beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten.
Piano am Bistrot de la Presse: Marc Schmidt
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.Wann der am Bistrot de la Presse wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.
En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.
