An hirer 17. Saison bréngt d’Philharmonie et nees fäerdeg, de Spagat ze maachen tëschent Opféierunge vun Amateurmuseker bis hin zu weltbekannte Profimuseker. Déi traditionell Festivalle wéi Atlantico, Rainy Days a Fräiräim sinn nees do. Et gëtt Klassik an Jazz souwéi Worldmusic.
D’Broschür vum Programm huet 300 Säiten, do misst dann och fir all Goût, Stil, wéi och Grouss a Kleng eppes derbäi sinn.
De Régis Thill huet fir eis mam Direkter vun der Philharmonie Stephan Gehmacher iwwert déi nei Saison geschwat.