
De Film mam Originaltitel “Вызов” gouf am Oktober 2021 wärend 12 Deeg op der ISS gedréint. Am Film geet et drëm, datt eng Chirurgin op d’ISS muss fléien, fir e blesséierte Kosmonaut ze operéieren. D’Haaptroll am Film spillt déi bekannt russesch Actrice Julia Peressild, déi och selwer mam Regisseur Klim Schipenko op d’ISS geflu war.
De Putin hat op der Gala vum Film, déi déi lescht Woch war, dësen als grousse Succès annoncéiert. “Mir waren déi éischt, déi e Film am Orbit gedréint hunn. Alt nees eng Kéier ware mir déi Éischt.”

Roskosmos hat de Projet annoncéiert, nodeem d’NASA Pläng fir en Dréi op der ISS mam Hollywood-Star Tom Cruise virgestallt hat. Dësen Dréi soll am Kader vun der “Mission Impossible"-Rei sinn. Dës Course ëm den éischte Film am Weltraum erënnert e bëssen un de kale Krich, wéi sech Moskau a Washington ëmmer nees en Duell ëm den All geliwwert hunn.
Déi fréier Sowjetunioun hat dobäi ëmmer nees d’Nues vir. Ënner anerem hate si den éischten Hond, den éischte Mann an déi éischt Fra op Orbit geschoss. D’USA dogéint haten awer den éischte Mann um Mount. An de leschte Joren dogéint hat déi russesch Raumfaart ëmmer nees mat Pannen a Réckschléi ze kämpfen.