Concert zu ParäisSänger Mikaben stierft no Optrëtt

RTL Lëtzebuerg
Den haitianesche Sänger Mikaben ass dout. Hien ass e Samschdeg den Owend no engem gemeinsamen Optrëtt mat der Band Carimi zu Paräis zesummegebrach.
© Twitter / Accor Arena Paris

Den 41 Joer ale Sänger huet beim verloosse vun der Bün en Häerzinfarkt gemaach. Rettungsleit hätten nach versicht hien ze reaniméieren, ouni Erfolleg.

Eng 10.000 Spectateuren, déi zu deem Ament an der Paräiser Accors Arena waren, hunn de Sall direkt misse verloossen.

Méi Detailer bei de Kolleege vun RTL 5min.

Back to Top
CIM LOGO