
De Canto ass bekannt aus den Netflix Serien “Narcos” an “Designated Survivor”, sou wéi aus den “X-Men"-Filmer. Seng Agentin Jennifer Allen huet géigeniwwer “The Hollywood Reporter” confirméiert, dass den eréischt 42 Joer ale Schauspiller de Kampf géint de Kriibs verluer huet, deen hien um Blinddarm hat. Fir vill Fans dierft dës e grousse Schock sinn, well hie seng Erkrankung net ëffentlech gemaach hat. De Canto hannerléisst seng Fra an zwee Kanner, déi 3 respektiv annerhalleft Joer al sinn.