
An der Serie huet hien den Drogendealer Fezco “Fez” O’Neill verkierpert a war ënnert anerem un der Säit vun der US-Schauspillerin Zendaya ze gesinn. Et war dem Cloud seng éischt Roll als Schauspiller, nodeems hien zu New York op oppener Strooss entdeckt gi war.
Dem Angus Cloud seng Famill nennt keng Doudesursaach fir de jonke Mann. An enger Erklärung vu sengem Publizist heescht et awer, de Schauspiller mam rezenten Doud vu sengem Papp ze kämpfe gehat an hätt ënner psychesche Problemer gelidden.
D’Famill huet matgedeelt: “Den eenzegen Trouscht, dee mir hunn, ass d’Wëssen, datt den Angus elo nees mat sengem Papp vereenegt ass, dee säi beschte Frënd war.” Si géifen hoffen, datt d’Welt den Angus Cloud fir “säin Humor, säi Laachen a seng Léift fir all Mënsch” an Erënnerung behale géif.
Leit, déi suizidär Gedanken hunn, kënnen Hëllef bei SOS Détresse um Telefon 45 45 45 kréien. All Informatioune fënnt een op www.prevention.suicide.lu.