
D’Privatmaschinn wier en Donneschdeg “e puer Momenter nom Start” an d’Mier gefall, esou d’Police vu St. Vincent an de Grenadinen. Wéi et schéngt war d’Famill grad an der Vakanz. Den Dag virum Accident hat de Christian Oliver nach eng Vakanzefoto op Instagram publizéiert a geschriwwen: “Gréiss aus dem Paradäis! Op Gemeinschaft a Léift. 2024, mir kommen!”
Nieft dem 51 Joer ale Schauspiller koumen och seng zwee Duechteren am Alter vun 10 an 12 Joer ëm d’Liewen, genee ewéi de Pilot vun der Maschinn. Der Police no war de Fliger op der Karibikinsel Bequia gestart a war ënnerwee op St. Lucia.
De Christian Oliver huet mat biergerlechem Numm u sech Christian Klepser geheescht an huet a méi wéi 60 - gréisstendeels däitschen - Film- a Fernseeproduktioune matgemaach.
Bekannt gouf hien ënnert anerem duerch “Alarm für Cobra 11", wou hien an den éischten zwou Staffele matgespillt huet. Och a verschiddenen Hollywood-Filmer war hien ze gesinn, zum Beispill nieft dem George Clooney an “The Good German” oder un der Säit vum Tom Cruise am Film “Valkyrie”.