
De Film Moana, oder am däitschen och Vaiana genannt, hat e weltwäite Succès an ass och haut nach ee vun de meescht gekucktem Disney-Animatiounsfilmer op Streaming-Plattformen. An dat, obwuel de Film schonn 2016 erauskomm ass. Am Film geet et op dat jonkt Meedche Moana, wat mat sengem Vollek op enger polynesescher Insel lieft. Als zukünfteg Cheffin vun engem Stamm, kämpft hat dofir säi Vollek ze retten, andeems hat eleng d’Insel verléisst a versicht erauszefannen, wisou hinnen d’Liewensmëttel ausginn. Dobäi trëfft hat op den Hallefgott Maui.
An der originaler Versioun gëtt de Maui vum Dwayne Johnson geschwat. Ma genee dësen huet elo am Internet déi grouss Bomm platze gelooss: Moana gëtt reell verfilmt an den Dwayne Johnson spillt mat.
Fir den Dwayne Johnson ass de Film net ee vu villen, mee wierklech en ganz perséinleche Projet. De Schauspiller ass nämlech op Hawaii opgewuess an huet samoanesch Virfaren. Samoa ass eng Inselgrupp, déi zu Polynesien gehéiert. Den onofhängege Staat läit Matten am Pazifik. Mat senger Roll als Maui am Film Moana erzielt hien zum Deel och d’Geschichte vu senge Virfaren a vun Traditiounen , déi hien ëmmer nach begleeden.
An der Annonce erzielt de Schauspiller, dass de Film schonn an der Maach ass. Wéini genee dësen erauskënnt, huet hien awer net verroden. D’Disney- a besonnesch d’Moana-Fans musse sech also nach gedëllegen.