Bekannt aus "Mary Poppins"Schauspillerin Glynis Johns ass am Alter vun 100 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Am Disney-Musical "Mary Poppins" huet d'Johns d'Mamm a Fraerechtlerin Winifred Banks gespillt.
© WALT DISNEY PRODUCTIONS Collection Christophe via AFP

Déi brittesch Schauspillerin Glynis Johns ass am Alter vun 100 Joer an engem Heem fir betreit Wunnen zu Los Angeles gestuerwen, esou d’Management brittesche Medie géigeniwwer.

© PARAMOUNT PICTURES - DENA ENTERPCollection ChristopheL via AFP

An hirer iwwer 60 Joer laang Karriär huet d’Johns an Dosende Filmer matgespillt a war och dacks op der eng oder anerer grousser Theaterbün. Ënnert anerem gouf si fir hir Roll an “The Sundowners” fir den Oscar nominéiert.

Bekannt war si dann och fir hir Roll am Broadway-Stéck “A Little Night Music”, fir dee si och eng Partie Präisser kritt huet.

Back to Top
CIM LOGO