Viru méi wéi 20 Joer hu sech 7 Kënschtler zesumme gedoen an de Kollektiv “Sixth Floor” gegrënnt. Am Weste vum Land zu Käerch gouf eng al Seeërei a Konschtatelieren ëmgebaut. Do ass den Ament déi traditionell “End of the year"-Expo amgaangen. De Pit Pixius war fir eis kucken.
De Kollektiv Sixth Floor, deen 2001 gegrënnt gouf, ass bekannt dofir, ganz breet opgestallt ze sinn, mat Sculpteuren a Moler, déi a ganz verschiddene Genren aktiv sinn. Dat weist sech och dëst Joer, sou de Sculpteur Tom Flick:
“Et ass fir jiddwereen eppes dobäi, d’Materialie sinn Holz, Bronze, Granit, Alabaster, Uelegmolerei, Acrylmolerei, de Tout an och a ganz verschiddenen Techniken.”
All Hierscht luet de Kollektiv op seng lescht Ausstellung vum Joer an. D’Nadine Cloos vum Sixth Floor setzt sech an hirer eegener Konscht keng Limitten:
“Zwee Joer, wou ech elo schaffen, ass méi vun der Aktualitéit wéinst de Krisen an dem Leiden, och d’Leide vun der Fra an du beim “Ecce Homo” hunn ech och op eemol déi hei Serie vu Frae gemoolt. Dat war eben déi Zäit vum Afghanistan, wou d’Amerikaner eraus gaange sinn an elo hunn mer de selwechte Problem am Iran.”
Nieft dem Nadine Cloos stellen och d’Moler Joachim van der Vlugt a Bahman Agadjani hir Wierker aus. Déi bekannten Zeechnerin Anna Recker schléit an der Expositioun eng Bréck tëscht de Molereien an den handfeste Skulpturen a passt sech esou dem Lieu un.
“Das Geometrische ist natürlich ein Teil von mir, aber ein anderer Teil von mir sind auch die Naturformen wie Wellen, Nebelfelder, Wolken, die nicht fassbar sind im Gegensatz zum geometrischen Gebäude.”
Nieft de sëllegen Tableaue fënnt een och iwwer honnert Oeuvrë vun de Sculpteuren Tom Flick, Katarzyna Kot-Bach, Wouter van der Vlugt a Karolina Pernach.
D’Expo kann een nach bis e Sonndeg kucke goen. Op ass all Dag tëscht 15 an 18 Auer.